Den 28/03/2025 hate mir eis Assemblée générale zu Beetebuerg am Schlass. Vill Memberen a Frënn vum Le Réveil haten de Wee fonnt, ma och d‘Vertrieder vun der Gemeng an der Flgym ware present. 💙👏🏼
Mir hunn zesummen op ee flott an erfollegräicht Joer 2024 gekuckt 🏆🤸🏼♀️🤸🏼 Souwuel dem Gusty Graas, Schäffe vun der Gemeng Beetebuerg, wéi och dem Gilles Andring, Tresorier vun der Flgym, e grousse Merci fir hier Wierder vis à vis vun eisem Veräin 🙏🏻😍
Hei de administrativen an technesche Rapport vum Joer 2024, ee grousse Merci un Annette Kohl fir d’Realisatioun.
An esou presentéiert sech den neie Comité vum Le Réveil Bettembourg 🙏🏻🤩 Mir freeën eis op e flott Joer, eng spannend Saison an eng gutt Zesummenaarbecht.

E Merci och eisen Turner an Turnerinne fir hir Championstitelen op nationalem Plang an der Gymnastique Artistique, sou wéi hir gutt Leeschtungen op internationale Competitiounen am leschte Joer 🤸🏼♀️🤩🤸🏼
Merci och eise Jongen a Meedercher fir hir gutt Aarbecht souwuel am Nationalkader, wéi och Cadre Jeunes vun der Flgym ❤️💙






Op eiser AG profitéiere mir och all Joers, den Turnerinnen an Turner fir hiert Engagement Merci ze soen. Och dëst Joer hu mir aus all Sektioun vereenzelt Méritants fir hier Leeschtung 2024 geéiert 🤩🏆💪🏻
Mir si stolz op all eenzelnen!











Och konnte mir op eiser AG dovu profitéieren, stellvertriedend fir den enormen Invest am Beräich vum Benevolat, verschiddene Memberen vum Le Réveil Merci ze soen ✨🤩
Ouni dëst Engagement, sief et als Trainer, Jugen, Cateringteam, Opriichtteam an de sëllege weideren Tâchen an eisem Veräin, wier et net méiglech 🙏🏻💙
MERCI!








